-
Den Charle Hoffmann ass Direkter vum SREL vun 1983 bis 2003. Source: Quotidien.lu
-
Den Marco Mille ass Direkter vum SREL vun 2003 bis den 1 März 2010.
-
Vun 2007 bis 2009 sollen et 6-7 illegal Aktivitéiten vum SREL ginn sinn. Source: Tageblatt.lu
-
"Am Januar 2007" fënnt d'Gespréich, wat per Auer enregistréiert gouf, tëscht dem Jean-Claude Juncker an dem Marco Mille staat. Source: Journal.lu <a href="http://5minutes.rtl.lu/fr/actualite/luxembourg/351935.html">Source image: RTL.lu<a/>
-
Am Juli 2007 ass de Wirtschaftsminister Jeannot Krecké mat enger lëtzebuerger Delegatioun a mam Geheimdéngscht an den Norde vum Irak gereest, méi genee an de Kurdistan. D'Rees soll, aus onbekannte Grënn, vum SREL initiéiert gi sinn. Source: Radio 100,7
-
"Am Dezember 2008" huet den Jean-Claude Juncker en Streitgespréich mam Marco Mille iwwert dat 2007 opgezeechend Gespréich. Source: RTL.lu Source: Journal.lu Source image: gouvernement.lu
-
"Am März 2009" informéiert den Jean-Claude Juncker den Charel Goerens, de President vun der Geheimdéngschtkontrollkommissioun, iwwer d'enegistréiert Gespréich. Source: RTL.lu Source image: Chd.lu
-
D’parlamentaresch Kontrollkommissioun soll no de Chamberwahle vun 2009 anonym gewarnt gi sinn, de Geheimdéngscht géif séng legal Kompetenzen iwwerschreiden. Den exacten Datum steet net fest, ma "et muss an deem Zäitraum gewierscht sinn" (no de Chamberwahlen am Juni).
Source: Radio 100,7 Source image: chd.lu -
Am September 2009 gouf et eng Präparatiounmissioun vum Marco Mille an enger aanerer Persoun am Kuba mam Wëssen vum Jean-Claude Juncker. Dës Missioun huet nie zu enger Wirtschaftsmissioun gefouert. Source: Radio 100,7
-
Änn 2009 bis Februar 2010 goufen et 3-4 Réuniounen vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun fir d'Wirtschaftsmissiounen vum SREL ze thématiséieren. Source: Radio 100,7
-
Den Marco Mille verléisst den Geheimdéngscht a gëtt Secherheetschef bei Siemens. Source: Wort.lu Source image: Wort.lu
-
Den Patrick Heck ass den Direkter vum SREL säit dem 1 März 2010.
-
RTL publizéiert Informatioun, dass de Jean-Claude Juncker vum fréieren SREL Chef Marco Mille mat enger Auer ofgelauschtert gouf. Source: RTL.lu Source image: RTL.lu
-
D'Zäitschrëft 'Lëtzebuerger Land' publizéiert eng Mëttschrëft vum Gespréich tëscht dem Jean-Claude Juncker an dem Marco Mille. Source: RTL.lu Source image: 5minutes.rtl.lu
-
D'Groussherzoglech Famill dementéiert Berichter aus der Press, dass Sie a Relatiounen mam engleschen Geheimdéngscht stinn. Source: Monarchie.lu Source image: Cour grand-ducale/Lola Velasco
-
D'Chambre des Députés décidéiert d'Aberuffen vun enger parlamentarescher Enquêtekommissioun zur Geheimdéngschtaffär. Source: RTL.lu Source image: Chd.lu
-
'Lëtzebuerger Land' publizéiert e weideren Deel vum Gespréich Juncker-Miller Source: RTL.lu Source image: 5minutes.rtl.lu
-
D'Enquêtekommissioun besicht d'Localitéiten vum eheimdéngscht fir sech e Bild sur place vun der Aarbecht vum SREL ze maachen, Source: Chd.lu Source image: luxembourg.public.lu
-
D'Enquête préliminaire vum Parquet sinn ofgeschloss an et ginn Ermëttlungen opgeholl. Source: Wort.lu Source image: Chd.lu (Le Procureur général d’Etat Robert Biever)
-
D'Enquêtekommissioun héiert den aktullen Chef vum Geheimdéngscht Patrick Heck. Source: Chd.lu Source image: wort.lu
-
D'Enquêtekommissioun héiert den fréieren Chef vum Geheimdéngscht Marco Mille. Source: Chd.lu
-
D'Enquêtekommissioun héiert de fréieren Chef vum Geheimdéngscht Charles Hoffmann. Source: Chd.lu
-
D'Archiven vum Gehéimdéngscht ginn versiggelt nodeems et verschidden Aussoen zur Unzuel vun Fichiers vun (Ex)-SREL Matarbeschter goufen. Source: 100,7
-
D'Enquêtekommissioun héiert den Staatsminister Jean-Claude Juncker. Source: Chd.lu
-
Am Kader vun der SREL Affär gouf en am Laaf vum Dag eng Hausdurchsuchung am Wirtschaftsministère. Source: L'Essentiel
-
D'Enquêtekommissioun héiert den fréieren Staatsminister Jacques Santer. Source: Chd.lu, Source image: Wikipedia